top of page

Iwwer eis

Ugefaangen huet alles Ufank 2020  wou mer zesumme sutzen an eis iwwer een Artikel ënnerhalen hunn dee mer gelies haten. An deem Artikel vum WWF stung nämlech, dat 30%  vum Geméis op de  Felder muss auszortéiert ginn aus kosmetesche Grënn. Mir hunn ëmmer méi mam Thema #foodwaste ausernee gesat an och wa mer eis absolut bewosst waren dat mer ze vill Liewensmëttel verbëtzelen huet d´Ausmooss vun der Verschwendung eis erféiert. 

​

An dunn hu mir eis gefrot op dat hei am Land och esou ass? 

​

"Wat geschitt eigentlech mat de kromme Muerten?"

​

Wou landen eis Liewensmëttel déi net de kosmetesche Standarden entspriechen oder déi ee klenge Feeler hunn? Ginn Liewensmëttel déi ofgelaf si weiderverdeelt oder ewechgeheit?

​

Mat dëse Froen hu mer eis op de Wee gemaach bei Produzenten a Supermarchéë fir  mat hinnen ze diskutéieren, bei der Recolte ze hëllefen an Äntweren ze fannen. 

​

An do ass  d´Iddie entstanen. Mir wëllen eng Epicerie opmaache mat allem wat auszortéiert gëtt, kromm Muerten, kleng Gromperen, ofgelafe Liewensmëttel an allem wat ee Schéinheetsfeeler huet. 

​

... eben einfach on.perfekt  

Team

Conseil d´administration

Coordonnés

on.perfekt SC SIS

Adresse admin.:

68 beim Schlass

L-9774 Urspelt. 

​

RCSL : B257504

Numéro d´autorisation de commerce: N° 10134109 / 0

 

Compte : LU65 0030 1790 0271 0000

BGL BNP Paribas

Download (19).png
Download (1).png
Antigaspi-Logo.jpg
bottom of page